Servicer

Behandele vun engem Tëschefall

GOVCERT.LU ass berechtegt, sech mat all Tëschefall aus dem Beräich vun der Informatiounssécherheet ze befaassen, dat heescht esouwuel déi mat klassifizéierten ewéi net klassifizéierten Informatiounen, déi an engem Netzwierk, System oder Service vun enger Constituante, fir déi de GOVCERT.LU beoptraagt ass, virkommen oder kënne virkommen.

GOVCERT.LU ënnerstëtzt d’Membere vu senger Constituante mat enger Rei vu reaktiven a proaktive Servicer am Beräich vun der ICT Sécherheet.

GOVCERT.LU koordinéiert all d’Aktivitéiten, déi an der Constituante mat engem Tëschefall ze dinn hunn. Am Kader vum Tëschefallmanagement bitt de GOVCERT.LU Support, Hëllef a Berodung un:

  • Bestëmme vun Tëschefäll
    • Erausfannen, ob en Tëschefall tatsächlech virkomm ass.
    • D’Ausmooss vum Tëschefall erausfannen.
  • Koordinatioun vun de Reaktiounen op en Tëschefall
    • Den initiale Grond vum Tëschefall erausfannen (Schwaachpunkten auswäerten).
    • Hëllef beim Kontakt mat anere Bedreiwer, déi betraff kéinte sinn.
    • Hëllef beim Kontakt mat der Constituante an/oder, wann néideg, mat offizielle Strukturen am Beräich vun der Legislatioun.
    • Koordinatioun vun der Reaktioun op en Tëschefall (Denial of Service).
    • Rapport un aner CSIRTen.
    • Ausschaffe vu Notifikatioune fir d’Benotzer, wann dat néideg wier.
  • Opschaffe vun engem Tëschefall
    • Schwaachpunkten eliminéieren.
    • De System géint d’Effete vun engem Tëschefall ofsécheren.
    • Evaluéieren, ob verschidden Aktioune Resultater bréngen, déi a Relatioun zum Risiko an de Käschte stinn, am Speziellen déi Aktiounen, déi op eng méiglech Strofverfolgung oder op disziplinaresch Moossnamen erauslafen: Sammele vu Beweiser (COE), Iwwerwaache vun engem Tëschefall, dee grad ofleeft, Cyber-Kriminelle Fale stellen, etc.
    • Statistike sammelen iwwer Tëschefäll, déi d’Constituante betreffen, an d’Communautéit informéieren, fir hir ze hëllefen sech géint bekannt Attacken ze schützen.
    • Beweiser iwwer e kompromettéierte Computersystem sammelen, versuergen, dokumentéieren an analyséieren, fir Ännerungen am System nozeweisen an ze hëllefen, Virfäll ze rekonstruéieren, déi zum Tëschefall geféiert hunn.

Tëschefall mellen

Fir en Tëschefall anonym ze mellen, benotzt w.e.g. de PGP verschlësselte Formulaire

> Meldung
> Méi Informatiounen