Enregistréieren

GOVCERT.LU bitt seng Servicer esouwuel enregistréierten ewéi net enregistréierte Constituanten un.

GOVCERT.LU bitt déiselwecht Servicer beim Tëschefallmanagement fir enregistréiert an net enregistréiert Constituanten un, obwuel ënnerschiddlech Serviceniveauen kënnen zoutreffen.

D’Qualitéit vun de Servicer fir net enregistréiert Constituante ka manner gutt sinn, well:

  • D’Aarbechtsbelaaschtung ze grouss ass: De GOVCERT.LU betreit fir d’éischt déi enregistréiert Constituanten a këmmert sech prioritär ëm déi gemellten Tëschefäll vun enregistréierte Constituanten.
  • Entscheedend Informatiounen iwwer déi net enregistréiert Constituante feelen: D’Zäit, déi gebraucht gëtt, fir Informatiounen iwwer eng nei Organisatioun ze sammelen, ka laang sinn an dofir en Afloss op d’Reaktiounszäit vum GOVCERT.LU hunn.

Fir fréier Problemer, déi bei net enregistréierte Constituanten opkomm sinn, ze vermeiden, lancéiert de GOVCERT.LU all Joer eng Informatiounscampagne, mat där den net enregistréierte Constituanten dréngend gerode gëtt, hir Organisatioun ze enregistréieren.

Fir d’Enregistréiere vun engem neie Constituant, kontaktéiert eis iwwer E-Mail op info@govcert.etat.lu.

All Mount iwwerpréift de GOVCERT.LU déi Ufroen an nëmmen déi vum GOVCERT.LU ënnerstëtzten Organisatioune ginn dann enregistréiert (POL 202 RFC2350).

Tëschefall mellen

Fir en Tëschefall anonym ze mellen, benotzt w.e.g. de PGP verschlësselte Formulaire

> Meldung
> Méi Informatiounen