NCERT.LU
Duerch e groussherzoglechen Arrêté gouf de GOVCERT déi offiziell, national Kontaktinstitutioun fir national an international, staatlech CERTen. En erfëllt dës Funktioun ënner dem Numm NCERT.LU (nationale CERT). Den NCERT sammelt a verbreet Informatiounen iwwer Sécherheetstëschefäll, déi Informatiouns- a Kommunikatiounssystemer zu Lëtzebuerg betreffen. En ass och en Uspriechpartner fir physesch a legal Persounen, Organismen an Instanzen, op nationalem ewéi op internationalem Plang.
Esoubal en eng relevant Informatioun kritt, muss den NCERT.LU se un d’CERTe weiderleeden, déi sech ëm de Secteur vum Affer këmmeren oder, wann et kee sektorielle CERT gëtt, muss en sech direkt un d’Victime adresséieren. NCERT.LU gëtt och Recommandatiounen iwwer d’Kontaktinstitutiounen aus de jeeweilege Secteuren.
Dokumenter
RFC2350 |
Security and Operation Centre: soc@ncert.lu
PGP: A5AB 0383 CF41 38C5 0B5D F49D CC4A 5C05 E8B7 5E31

Tëschefall mellen
Fir en Tëschefall anonym ze mellen, benotzt w.e.g. de PGP verschlësselte Formulaire
> Meldung> Méi Informatiounen