Nationalen Noutfallplang

Am Fall vun enger kritescher technescher Vulnerabilitéit oder enger Cyber-Attack, déi déi Informatiounssystemer vum Privatsecteur an/oder vum ëffentleche Secteur a groussem Ausmooss affectéiert, gëtt den nationalen Noutfallplang aktivéiert. Verschidde Gestiounsorganer ginn aberuff, fir sécherzestellen, datt direkt ripostéiert gëtt an datt all déi entspriechend Géigemoossnamen ergraff ginn.

D’Cellule de crise (CC) initiéiert a koordinéiert all d’Aktiounen a stellt sécher, datt all d’Mesurë geholl ginn, fir d’Situatioun an hir Konsequenzen an de Grëff ze kréien. Den Direkter vum staatleche CERT (GOVCERT.LU) ass Member vun der Cellule de crise.

Den Direkter vum staatleche CERT (GOVCERT.LU) steet och un der Spëtzt vun der Cyber Risk Assessment Unit (CERC, Cellule d’évaluation du risque cyber). Där Unitéit hir Missioun besteet doran, all kriteschen, nationalen Tëschefall an all Menace am Beräich vun der Cyber-Sécherheet ze iwwerwaachen an d’Cellule de crise stänneg um Lafenden ze halen.

D’Cyber Risk Assessment Unit setzt sech zesummen aus Experten a bitt eng erweidert Iwwerwaachung, souwéi eng Vulnerabilitéitsanalys am Kader vum nationalen Noutfallplang. Se identifizéiert potenziell Ugrëffsziler, jee no Typ vun Attack, a leet d’Prozedur fir den Upgrade an d’Protectioun vun den Informatiounssystemer, déi menacéiert sinn, an d’Weeër. Dës Unitéit ka Schutzmoossnamen ergräifen, wann Ugrëffsziler Affer vun enger Attack ginn, a präventiv Mesuren huelen, wa méiglech Ugrëffsziler erkannt goufen. Se kann och d’Ugrëffszil deelweis oder ganz isoléieren, wann dat néideg ass.

Am Fall vun enger informatescher Menace vu groussem Ausmooss gëtt d’Allgemengheet vum Gouvernement a gläichzäiteg um Site www.infocrise.lu iwwer d’Situatioun informéiert.

Tëschefall mellen

Fir en Tëschefall anonym ze mellen, benotzt w.e.g. de PGP verschlësselte Formulaire

> Meldung
> Méi Informatiounen