Rechtleches

Kooperatioun, Interaktioun a Weidergi vun Informatiounen

Mat de rechtlechen an etheschen Aschränkungen, déi et am Informatiounsfloss vum GOVCERT.LU gëtt, erkenne mir de Geescht vun der Zesummenaarbecht un, dee sengerzäit den Internet geschafen huet a leeschten domat eise Bäitrag duerzou. Mussen engersäits adäquat Moossname geholl ginn, fir d’Identitéit vu Memberen vun eiser Constituante a vun aneren Siten esou wäit ewéi méiglech ze schützen, mécht de GOVCERT.LU anerersäits Informatioune fir bestëmmten Autoritéiten zougänglech, wann ëmmer dat hëlleft, Sécherheetstëschefäll ze léisen oder ze verhënneren.

Fir de GOVCERT.LU ass d’Zesummenaarbecht an den Informatiounsaustausch tëschent CERTen an aneren Organisatiounen, déi dem GOVCERT.LU seng Servicer notze kënne ganz besonnesch wichteg.

De GOVCERT.LU schützt delikat Informatioune bei gläichzäitegem Respekt vun de gültege Reglementer a Richtlinnen zu Lëtzebuerg. De GOVCERT.LU respektéiert d’Sensibilitéitskennzeechnung vun Informatiounen, déi vun der Referenzentitéit vergi gëtt. (“originator control”).

De GOVCERT.LU went d’Prozedur vum Traffic Light Protocol un, wann en Informatioune mat Equipen deelt, déi dës Prozedur ënnerstëtzen. Wann ëmmer dës Méiglechkeet sech bitt, gëtt se respektéiert.

Richtlinnen iwwer d’Weidergi vun Informatioune vum GOVCERT.LU fannt Dir hei.

Tëschefall mellen

Fir en Tëschefall anonym ze mellen, benotzt w.e.g. de PGP verschlësselte Formulaire

> Meldung
> Méi Informatiounen