Startsäit

FAQ

E CSIRT ass zoustänneg fir d'Enregistréieren, d'Analyséieren an d'Behandele vun engem (IT)-Sécherheetstëschefall. De CSIRT bitt enger festgeluechter, secteurspezifescher Constituante, wéi z. B. Privatfirmaen, der Regierung, der Educatioun, der Fuerschung etc., seng Servicer un.
Esoulaang d'Tëschefäll mat enger staatlecher Organisatioun oder engem Bedreiwer vu kriteschen Infrastrukturen ze doen hunn, ka jiddwereen se mellen. Tëschefäll, déi net zu senger Constituante gehéieren, mellt de GOVCERT.LU beim zoustännege CSIRT. Tëschefäll, déi mat Educatiouns- oder Fuerschungsnetzwierker ze doen hunn, sollte beim RESTENA-CSIRT gemellt ginn. Tëschefäll bei Gemengeverwaltungen oder Organisatiounen, déi net vun deenen uewe genannte CSIRTe betreit ginn, musse beim CIRCL gemellt ginn.
Tëschefäll soll een ëmmer bei deem CSIRT mellen, bei deem een als Constituant gemellt ass. Gëtt et en Zweiwel, ass et eng gutt Iddi, den Tëschefall beim nationale CSIRT ze mellen. Dee suergt dann dofir, datt den Tëschefall un dee richtege CSIRT weidergeleet gëtt. Eng Lëscht vun deene meeschten europäesche CSIRTe fënnt een op der Homepage vun Trusted Introducer.
Tëschefäll mellt ee mat eisem Online-Formulaire oder unhand vun eiser Virlag. Op eisem Site, am Beräich "Tëschefall mellen", fannt Dir méi Informatiounen.
All staatlech Organisatioun oder Bedreiwer vu kriteschen Infrastrukture kann sech beim GOVCERT.LU enregistréieren. Mir betreien och Membere vun eiser Constituante, déi net enregistréiert sinn. D'Qualitéit vun eise Servicer ass fir enregistréiert Memberen awer méi effizient. D'Informatiounen, fir sech ze enregistréieren, fannt Dir op eiser Homepage op der Säit "Enregistréieren".
Bedreiwer vu kriteschen Infrastrukture kënnen ëffentlech oder privat Entitéite sinn. All Computertëschefall, deen an esou enger Struktur optrëtt, kann extrem negativ Auswierkungen op de Grand-Duché, seng Awunner a seng Economie hunn.

E Virfall am Beräich vun der Informatiounssécherheet ass e kloer erkennbaren Abroch an e System, Service oder Netzwierk, e Versoe vun de Sécherheetsmoossnamen, e Verstouss géint d'Informatiounssystem-Richtlinnen oder eng bis dato onbekannte Situatioun, déi sécherheetsrelevant ass.

En Tëschefall am Beräich vun der Informatiounssécherheet ass en eenzelen ongewollte Virfall oder eng Serie vun ongewollte Virfäll, bei deenen eng grouss Wahrscheinlechkeet besteet, datt geschäftlech Operatiounen oder d'Informatiounssécherheet a seriöer Gefor sinn. An deem Fall bedeit d'Informatiounssécherheet, datt d'Datesécherheet, d'Integritéit an d'Zougänglechkeet zu den Informatioune garantéiert bleiwen.
D'Ofséchere vu groussen Informatiounstechnologie-Systemer (IT) verlaangt detailléiert Kenntnesser am Beräich vun der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie a muss mat enger Risikoanalys kombinéiert ginn. Fir onnéideg Investitiounen ze vermeiden, ass eng Approche fir d'IT Sécherheet, déi op engem Risikomanagement baséiert, déi beschte Léisung. Fir als Betrib méi Informatiounen iwwer d'Ofsécherung vun Ärem System ze kréien, kuckt op der CASES Websäit , wann Dir eng Privatpersoun sidd, gitt op d'BEESECURE Websäit.

Tëschefall mellen

Fir en Tëschefall anonym ze mellen, benotzt w.e.g. de PGP verschlësselte Formulaire

> Meldung
> Méi Informatiounen