Iwwer eis

Missioun

Andeems Lëtzebuerg sech op déi nei Méiglechkeeten an Erausfuerderunge vun den Informatiouns- a Kommunikatiounsstrategië konzentréiert, gëtt de Grand-Duché e globale Player am ICT. Mam Zil, seng Organisatiounen, déi et scho gëtt, bei der Bekämpfung vun der Cyber-Kriminalitéit ze stäerken, huet de Regierungsrot d’Grënnung vun zwou neien Unitéite beim Staat decidéiert. An der Sëtzung vum 15. Juli 2011 gouf de lëtzebuergesche Cyber Security Board an de staatleche Computer Security Incident Response Team (GOVCERT.LU) gegrënnt.

GOVCERT.LU handelt um nationale wéi och um internationalen Niveau, fir de Grand-Duché viru Cyber-Attacken ze schützen, fir der lokaler Geschäftswelt en attraktiivt, séchert an zouverlässegt Ëmfeld ze bidden, mee och fir d’Grondrechter an d’Privatsphär vun den Awunner hei zu Lëtzebuerg ze schützen.

Fir seng Missioun kënnen ze erfëllen, ass de GOVCERT.LU beoptraagt, klassifizéiert an net klassifizéiert Infrastrukturen ze betreien, op Tëschefäll ze reagéieren a Moossnamen ze koordinéieren, wichteg Tëschefäll ze verhënneren an ze detektéieren esouwéi d’Koordinatioun tëschent de staatlechen Akteuren am Beräich vum Handelen an der Réckmeldung bei engem Tëschefall ze verbesseren.

Tëschefall mellen

Fir en Tëschefall anonym ze mellen, benotzt w.e.g. de PGP verschlësselte Formulaire

> Meldung
> Méi Informatiounen