Startsäit

Mir begréissen Iech um Site vum CSIRT (Computer Security Incident Response Team) vun der Lëtzebuerger Regierung (GOVCERT.LU). Eise Service geréiert Tëschefäll am Beräich vun der Cyber-Sécherheet, déi dem Land, sengen Awunner oder senger Ekonomie kéinte schueden an ass derfir zoustänneg, déi entspriechend Meldungen entgéintzehuelen, ze iwwerpréiwen an entspriechend ze reagéieren.

GOVCERT.LU ass déi eenzeg Institutioun, déi sech ëm all Zort vun informateschen Tëschefäll am Beräich vun der Informatiounstechnologie këmmert, bei staatlechen Infrastrukturen, awer och bei verschiddenen aneren Operateuren zu Lëtzebuerg, deenen hir Infrastruktur als kritesch agestuuft gouf. Tëschefäll, fir déi d’Constituante vu GOVCERT.LU net verantwortlech ass, ginn un den zoustännege CSIRT weidergeleet.

Tëschefall mellen

Fir en Tëschefall anonym ze mellen, benotzt w.e.g. de PGP verschlësselte Formulaire

> Meldung
> Méi Informatiounen